Tobias-Weber-Portrait

Iwwert eis

Tobias Weber

Als Proprietaire a Gerant ass den Tobias Weber seit dem Joer 2000 am Metier aktiv: seng professionell Experienz a seng grouss Passioun fir Cheminéeën a Miwwel ass unique. Hien ass vum Element Feier total begeeschtert a sicht permanent no neien zäitlosen Solutiounë fir seng Clienten. Hien ass ëmmer vun de leschten Nouveautéiten déi op internationale Foirë presentéiert ginn au courant an informéiert sech de ganzen Zäit iwwert nei Iddien op all Niveau : Design, Konzept, Matière, Funktioun an Technik. Säi Souci ass e komplett Konzept dat vum Service bis iwwert d’Realisatioun vun Ärem Projet geet.

Eng staark Equippe

Mir sinn houfreg op eis Equippe vun 12 Leit. Si all, Monteuren, Techniker, Conseilleren a Service Après-Vente maachen dat wou si am beschten dra sinn. Eis Clienten kënnen iwwregens schonn zanter 20 Joer op eisen Cheminéesexpert zielen : hien ass den Expert iwwerhaapt ob et ëm d’Planifikatioun, den Devis oder och d’Installatioun geet.
Nëmme sou garantéiere mir Iech déi allerbescht Qualitéit an e professionelle Conseil. Mir freeën eis op Är Visite.

Är Famill ass eis wichteg

D’Zukunft ass an den Hänn vun eise Kanner. Eng Selbstverständlechkeet well mir selwer Famill a Kanner hunn. Dofir versti mir eis gutt mat Iech. Fir eis Clienten si mir e selwer e Famillje- an dofir natierlech och e familljefrëndleche Betrib. Gäre kënnt Dir mat Ärer ganzer Famill an eise Showroom kommen. Är Kanner si bei eis gutt versuergt.
Tobias Weber mat senger Fra