SW-Stiil+Loft_125

Service & Confiance

Aus Léift zum Detail

Eis Exigenz ass einfach : Mir gleewen u konsequent héich Qualitéit an e prezise Suivi vun Ufank un. Eng genau Opstellung vun der Offer bis zu enger konformer Exekutioun ass eis immens wichteg. Dowéinst huele mir eis vill Zäit fir Iech an Är Wënsch. Eis Equippe vun experimentéierte Monteuren, Techniker a Conseilleren garantéiert Iech eng detailléiert Planifikatioun an en exakte Calcul vun der kompletter Installatioun vun Ufank un. Eise Service Après-Vente ass selbstverständlech no der Installatioun fir Iech do.

Dobäi steet Iech all Ament e professionellen Interlocuteur deen äre Projet am Detail kennt zur Säit. Um Enn steet déi perfekt Solutioun déi op Iech an Är Besoinen ofgestëmmt ass.

E kompetente Conseil

Eist Zil ass, dass Dir zefridde sidd. Dofir hu mir fir Iech e komplette Servicepak opgesat. An enger perséinlecher Berodung, wou mir eis genuch Zäit fir Iech an Äre Projet loossen, fanne mir Är perséinlech Besoinen a Virléiften eraus. Dofir weise mir Iech déi komplett Palette vu Produiten déi fir Iech an Äert Doheem am beschten adaptéiert ass a begleeden Iech och sur place während der ganzer Konstruktiounsphase wou mir de genaue Suivi suivant les règles de l’art maachen. Eisen Job ass nëmmen da fäerdeg wann d’Resultat genau Ären Exigencen entsprécht.

JUM_1903

Eis Feuerloft Vertrauens­promesse

  • D’Zil ass Iech als Client ze begeeschteren.
  • Mir maachen ëmmer t’éischt eng Visite op der Plaz selwer ier mir Iech en Devis maachen. Dëst garantéiert Iech eng realistesch a fiabel Planifikatioun.
  • Mir maachen Simulatiounë fir dass dir Iech de Resultat vun Ärem Projet genau virstelle kënnt. Dobäi ass et eis wichteg dass de Resultat den ästheteschen a professionellen héchsten Exigencen genau entsprécht.
  • Déi technesch Detailler mat der Directioun vum Bau iwwerhuele mir gäre fir Iech. Dat geet vum Fonctionnement vun der Installatioun bis iwwert d’komplett Bau- respektiv Ëmbauphas.
  • Mir liwweren a montéieren nëmmen héichwäerteg an impeccabel Produkter mat enger laanger Liewensdauer.
  • Mir liwweren a montéieren ëmmer pünktlech zu den ofgemaachten Zäiten.
  • Falls Dir trotz allem eng berechtegt Reklamatioun hu sollt, garantéiere mir Iech séier a gratis Solutiounen oder souguer eng nei Liwwerung inklusiv professioneller Montage.
  • Op der Hase Fabricantsgarantie gi mir Iech amplaz vun den 2 gesetzleche Joer am ganze 5.