Hëtze mat Holz:
Tipps fir datt Äert Feier propper brennt
Iwwer d'Theema „Hëtze mat Holz“ gëtt vill geschwat. Mir kréie reegelméisseg d'Fro gestallt, wéi eng Feierplaz méiglechst propper genotzt ka ginn.
Mir féieren Iech hei duerch e klenge Guide, deen déi wichtegst Punkten erkläert an Iech Tipps fir den alldeeglechen Ëmgang mat Ärem Holzfeier gëtt.

Dat richtegt Holz
Wéi en Holz Dir benotzt, huet en direkten Afloss op d'Qualitéit vum Verbrennen. Am beschte fir eng Feierplaz gëeegent ass Haartholz. Mir recommandéieren Iech hei Bichenholz als éischte Choix. Nolenhëlzer sinn an der Reegel méi mëll an hu méi eng héijen Haarzundeel. Si verbrenne méi séier an et entsteet méi Rouscht. Dofir rode mir Iech, Nolenholz nëmme fir d'Ufänken ze benotzen. Fir datt d'Feier propper brennt, ass et ausserdeem immens wichteg, datt d'Holz dréchen ass. Et sollt ni fiicht Holz verbrannt ginn, well hei méi Emissiounen entstinn, déi fir de Mënsch schiedlech sinn an och dem Material op Dauer schueden. Holz, dat frësch gehae gouf, soll ongeféier 2 Joer leien, bis et benotzt gëtt, oder gräift beim Kaf op kummergedréchent Holz zeréck. D'Reschtfiichtegkeet sollt dobäi ëmmer ënner 20 % leien. Verbrennt ausserdeem kee lackéiert, impregnéiert oder laminéiert Holz. Grad esou wéineg sollt Dir den Hausoffall, Pabeier oder Flëssegkeeten bei Äert Feier ginn. Ausserdeem recommandéiere mir, Holz aus regionale Bestänn an nohalteger Forstwirtschaft ze benotzen. Domat vermeit Dir laang Transportweeër a kënnt den CO2-Verbrauch reduzéieren.


Feier a Flam: ufänken an noleeën
Fir datt d'Holz propper an effikass verbrennt, ass et net nëmme wichteg, wéi en Holz Dir benotzt, mee och, wéi a wéini Dir noleet. Dat huet direkt Auswierkungen op d'Emissiounen, déi fräigesat ginn. Éier Dir e Feier ufänkt, sollt Dir iech vergewësseren, datt d'Sauerstoffreegler komplett op sinn. Et ass och unzeroden, eng Terrassendier oder eng Fënster opzemaachen. Dat ënnerstëtzt den Drockausgläich am Raum an den Ofzuch vum Damp am Schaarschtech. Benotzt fir d'Feier unzefänke méiglechst vill a kleng Holzstécker. Esou erreecht Dir schnellstméiglech eng héich Temperatur, fir d'Holz ouni Réckstänn ze verbrennen. Wann d'Flam staark genuch ass, kënnt Dir d'Uewendier zoumaachen an duerno de Sauerstoffreegler un d'Flam upassen. Noleeë soll een ëmmer eréischt dann, wann d'Flam bal ausgaangen ass. Esou entstinn déi mannste Schuedstoffer an Emissiounen.
Uewentechnik fir d'Zukunft
Déi nei Feierplaze si kaum nach mat de Modeller vu virun 20 Joer ze vergläichen. D'Hiersteller schaffe mat Héichdrock un neien Technologien, fir datt d'Leeschtung ëmmer méi effikass gëtt. Dës Beméiunge spigele sech och an der Blauer-Engel-Certifikatioun erëm, mat deene verschidde Modeller vun Iewen ausgezeechent goufen. D'Zil vun dëse Moossnamen ass ëmmer e Feier, dat méiglechst propper brennt. Dat ass da méiglech, wann d'Loftzoufur un Ärer Feierplaz optiméiert ass. Verschiddener vun eisen Hiersteller setzen hei op eng automatesch Reegelung. Grondsätzlech sollt Dir beim Kaf vun enger Feierplaz drop uechtginn, datt den Hiersteller héichwäerteg Uewen- a Kamäibestanddeeler produzéiert an datt dës deenen aktuellen Normen entspriechen. Beim Choix vun eise Partnerfirmaen ass dat och fir eis e wichtegen Aspekt. Dofir schaffe mir nëmme mat Firmaen zesummen, déi dësen héije Qualitéitsusproch deelen. Mir beroden Iech gären ausféierlech an engem perséinleche Gespréich.
