top of page

Feier. Miwwel. Outdoor:
Feuerloft, sou eenzegaarteg wéi Dir

Mir entfachen immens gär Feier! An dat souwuel am iwwerdroene Sënn wéi och wuertwiertlech. Loosst Iech inspiréiere vun eisen héichwäertegen Iewen, individuelle Kamäinanlagen, wiederfesten Outdoor-Kichen a regional hiergestallte Miwwelen. Mir verbanne ronderëm d'Theema Feier Handwierk mat Design, souwuel am Indoor- wéi och am Outdoorberäich.

Bei all eise Projete leeë mir vill Wäert op d'Begeeschterung vum Client, eng ëmfaassend Berodung an héichwäerteg Materialer. Well mir wëssen: All Doheem ass eenzegaarteg.

Mat dëse Wäerter begeeschtere mir eis Clienten

ALLES AUS enger HAND
 

Héich FACHKOMPETENZ
 

INDIVIDUELL Léisungen
 

SERVICE & Zouverlässegkeet

images_edited.png
images_edited.png
images_edited.png
images_edited.png
FIgo an SVen 1_edited.jpg

Dir wëllt den Oflaf vun eise Projete kenneléieren? Mir weisen Iech, wéi mir virginn, wéi eis Berodunge verlafen a wat Iech erwaart.

NEWSLETTER

Feuerloft Luxembourg News a Stories direkt op den Handy. Mellt Iech fir eis E-Mail-Newsletter u fir um Courant ze bleiwen. 

Meenunge vun eise Clienten

J. A.

Net nëmmen den aussergewéinleche Showroom, mee och dat superléift an total kompetent Personal sinn all Besuch wäert. Feuerloft ass net dee Gënschtegsten um Maart, de Service ass awer all Cent wäert. Beim Bau vun eisem Haus gouf et vill Froen an e puer Komplikatiounen op Säite vum Chef de chantier, all Problem an all Fro ass awer duerch de beispilllosen Asaz vun de Feuerloft-Mataarbechter aus dem Wee geraumt ginn. D'Delaien an de Montage si reibungslos verlaf an d'Aarbechte goufe ganz propper ausgefouert. Ech ka Feuerloft nëmme recommandéieren, jiddwereen, deen do seng Anlag oder déi selwer kreéiert Miwwele keeft, wäert net enttäuscht sinn. Ech bedaueren nëmmen, dass ech nëmmen ee Kamäin am Haus abaue kann. ;) Allerdéngs bitt Feuerloft och Outdoor-Léisungen un, déi all Gaart zu engem Spektakel maachen. Op alle Fall e risege Merci vun d'ganz Ekipp vu Feuerloft, schéi „Feier“- Deeg an e schéint neit Joer.

J. R.

Mir sinn total begeeschtert vun der Aarbecht vu Feuerloft! Eisen neie Kamäi vu Brunner ass en Dram – héichwäerteg verschafft a perfekt agebaut. Dobäi koumen nei Miwwele fir de Living, déi net nëmme stilvoll mee och ganz funktionell sinn. Alles gouf professionell ugestrach, tapezéiert an d'Elektresch gouf ugepasst – alles aus enger Hand a mat enger perfekter Qualitéit. D'Ekipp war immens frëndlech an handwierklech topp! Et gëtt wierklech näischt ze kritiséieren. Villmools Merci fir dëst wonnerbaart Resultat!

G. T.

Mir ware méi wéi zefridden. Berodung, Betreiung an Ausféierung vun den Aarbechte wéi geplangt. Mir kënnen dës Entreprise nëmme recommandéieren.

bottom of page