FIR ALL D'OUTDOOR-AMATEUREN
Ënner fräiem Himmel kachen, mat Frënn bei engem schuckelegen Outdoor-Feier sëtzen, Zäit an Ärer eegener Outdoor-Kiche verbréngen oder eng grouss Grillparty fir d'Famill organiséieren: Mat de passenden Outddor-Produite gëtt de Gaart eng vun de Liblingsplazen doheem.
Outdoor Kichen
Eng wiederfest Outdoor-Kichen am Gaart, déi 365 Deeg am Joer asazfäeg ass: Mat enger gutt geplangter Baussekichen, genéisst Dir et, am Fräien ze kachen a geselleg zesummenzesinn – an dat d'ganzt Joer iwwer. Ob mat oder ouni Pergola, mat flexibele Modulsystemer kënnen Outdoor-Kichen individuell un Äre Gaart ugepasst ginn. Héichwäerteg a wiederfest Materialer suergen dofir, datt Är Gaardekiche laangfristeg eng Liblingsplaz fir Frënn a Famill gëtt. Vum oppene Feier, Kamado-Grill a Spullstee bis zum Frigo – zesumme realiséiere mir Är Baussekichen, ganz no Äre Wënsch.

GAARDEFEIER
Gemittlechkeet wéi am Living – awer dobaussen am eegene Gaart. En Outdoor-Kamäi verbënnt e stëmmungsvollt Feier mat engem prakteschen Notzen. Héichwäerteg Materialer suergen dofir, datt e wiederfest an d'ganzt Joer iwwer notzbar ass. Ob méi grouss Feieranlage mat Grillfunktioun, kompakt Gaardefeier oder elegant Feiercubes – d'Gestaltung ka ganz individuell op Är Wënsch an Äre Bausseberäich ugepasst ginn. Esou gëtt d'Feier am Gaart zu Ärer neier Liblingsplaz.
Griller
Gasgrill, Kamado oder Plancha? Dat ass dacks eng grondsätzlech Fro, bei där d'Meenungen auserneeginn. Egal fir wéi e Modell Dir Iech entscheet, eis ass et wichteg, datt all d'Produite vun exzellenter Qualitéit sinn. Als eenzel Grillmoduler oder an Är eege Baussekichen integréiert. Kamadogrill De Kamado ass e ganz besonnesche Kuelegrill, heimat kënnt Dir grillen, reecheren, baken, kachen an dëmpen. E richtegen Allrounder, deen et an e puer Faarwe gëtt. Duerch d'Keramikisolatioun, déi d'Hëtz späichert, an d'steierbar Loftzoufur erreecht Dir en onverkennbaart Aroma. Gasgrill Gasgriller zielen zu de Klassiker beim BBQ. Fir datt Dir iwwer vill Jore Freed drun hutt, kritt Dir bei eis Griller, déi ganz aus Inox hiergestallt sinn. Dofir si se besonnesch wiederbestänneg a robust. Déi grouss Grillfläch eegent sech ideal, fir e Grupp vu Leit ze bekäschtegen oder fir verschidde Platen, vu Fleesch bis Geméis, ze grillen. Déi geziilt Temperaturreegelung suergt dofir, datt Dir déi gewënschten Hëtzt genee do kritt, wou a wéini Dir se braucht. Plancha De Begrëff Plancha kënnt aus dem Spueneschen a bedeit Plack. Op enger ronner Plack aus Stol, déi bis zu 350 Grad waarm gëtt, ka praktesch alles gegrillt ginn, woubäi méi kleng Grillsaache wéi Scampien oder Geméis sech besonnesch gutt eegenen, well déi zoue Fläch verhënnert, datt eppes an de Grill fält. Befeiert gëtt d'Plancha mat Holz, dat bannen am stole Rank ugefaange gëtt.