Mat dësen 3 Tipps bleift Äert Ueweglas propper
- marketing66680
- Jul 24
- 3 min read

En Holzfeier doheem ze hunn, dat mat senge Flamen eng gemittlech Wäermt ausstraalt, dat ass onvergläichlech. Vun Zäit zu Zäit kann et awer virkommen, datt d'Ueweglas sech schwaarz verfierft an de Bléck op d'Feier doduerch beanträchtegt ass.
Fir datt een de Bléck op dat knisternd Feier genéisse kann an och fir d'Effikassitéit vum Uewen ze erhéijen, muss dat Glas deemno reegelméisseg propper gemaach ginn. Wéi einfach dat mat eisem genialen Trick geet, verrode mir Iech an dësem Bäitrag.
Firwat gëtt d'Ueweglas schwaarz?
Éier mir Iech weisen, wéi Dir dee schwaarze Belag lassgitt, wëlle mer kuerz erklären, firwat de Problem mat der schwaarzer Verfierwung iwwerhaapt entsteet. Et ass e wäitverbreet Mëssverständnis, datt e schwaarzt Ueweglas op eng schlecht Qualitéit vum Uewen zeréckzeféieren ass.
Tatsächlech entsteet d'Verfierwung vum Ueweglas wéinst der Aart a Weis, wéi d'Holz brennt. Bei der Verbrennung vun Holz entsti Waasserstoff, Kuelemonoxid, Kuelendioxid an eng ganz Partie vun organesche Verbindungen. Verschiddener vun dëse Verbindunge si flüchteg an zéien duerch de Schaarschtech erop. Anerer kondenséieren awer um Ueweglas a bilden eng Couche aus Haarz a Godrong. Datt d'Fënster op munchen Deeg emol méi oder manner schwaarz gëtt, hänkt vu weidere Facteuren of, z. B. der Sauerstoffreegelung, dem Holz, wat benotzt gëtt oder dem Drock am Schaarschtech.
Tipp 1: Botze mat Waasser an Äschen
Et gi vill deier Botzmëttel um Maart, déi speziell entwéckelt goufe fir d'Ueweglas propper ze maachen. Mee einfach Hausmëttel ginn oft duer, fir d'Glas ze botzen. Eng bewäärt Method ass d'Botze mat Waasser, Äschen a Kichepabeier.
Opgepasst: Botzt d'Glas eréischt dann, wann den Uewe komplett ofgekillt ass.
Huelt e bësse Kichepabeier an zappt et an e Behälter mat Waasser, bis de Pabeier fiicht ass.
Tuppt dee fiichte Kichepabeier dann an déi ausgekillt, hell Äschen.
Reift d'Glas, jee nodeem wéi knaschteg et ass, mat dëser Mëschung grëndlech an. D'Äsche wierken dobäi wéi en natierlecht Botzmëttel a léisen déi schwaarz Réckstänn vum Glas. Och hartnäckeg Réckstänn vum Rouscht kënnen esou geléist ginn. Jee no Gréisst a Grad vun der Verschmotzung kënnt Dir dë Schrëtt 1-3 Mol widderhuelen.
Wann d'Oflagerunge sech geléist hunn, wëscht mat engem proppere Pabeier no, fir d'Äschen an d'Réckstänn vum Rouscht ze eliminéieren.
Poléiert d'Fënster mat engem Duch, bis keng Sträife méi ze gesi sinn.
Fir hartnäckeg Verschmotzungen ze evitéieren, ass et wichteg, d'Ueweglas reegelméisseg ze botzen. Idealerweis no all Benotzung vum Uewen. Sou brenne sech d'Réckstänn net dauerhaft an, an d'Glas bleift iwwer Joerzéngten an engem gudden Zoustand.
Am follgende Video weist den Tobias, wéi een d'Ueweglas mat der uewe beschriwwener Method proppermécht. Vill Spaass beim Nokucken!
Tipp 2: Alternativ Botzmethoden
Cheemesch Botzmëttel:
Cheemesch Botzmëttel kënnen net nëmmen deier sinn, mee och geféierlech fir Är Gesondheet a fir d'Ëmwelt. Verzicht dofir op aggressiv Botzmëttel a setzt amplaz op natierlech Botzmëttel wéi Waasser an Äschen. Déi sinn net nëmme méi bëlleg mee och méi ëmweltfrëndlech a schounen Äert Ueweglas.
Weider Hausmëttel:
Nieft Äsche ginn och dacks aner Hausmëttel wéi Esseg, Zitroun oder Backpulver genannt, fir d'Ueweglas ze botzen. Dës Mëttele féiere sécherlech och zum Zil, schueden awer op Dauer de Materialien, déi am Uewe verbaut sinn. Dichtunge sinn zum Beispill ganz empfindlech a kënne wéinst der Saier futtigoen.
Tipp 3: Schwaarzem Ueweglas virbeugen
De Rouscht ganz ze vermeiden ass bei Holzfeier kaum méiglech. Et ginn awer e puer Tipps, wéi Dir déi schwaarz Verfierwung verhënnere kënnt.
Benotzt nëmme gutt an dréchent Holz.
Benotzt beim Ufänken ausschliisslech Klengholz an Anzündwierfelen. Verzicht op Pabeier/Kartrong.
Behaalt d'Sauerstoffreegelung vum Uewen am A. Als Fauschtreegel gëllt: D'Loftzoufur ass komplett op, wann d'Feier ugefaange gëtt, a gëtt eréischt lues a lues zougemaach, soubal d'Feier grouss genuch ass.
Et kann hëllefen, d'Holzscheeter e bësse méi déif an de Brennraum ze leeën an net no bei d'Glas.