Freiluft Outdoor-Kichen: Materialer, Modüller a Méiglechkeeten
- marketing66680
- Jul 24
- 3 min read

Dobausse kachen, Zäit mat Frënn verbréngen an dobäi d'Stäre beobachten. D'Freiluft Gaardekiche gëtt eng Liblingsplaz an Ärem Doheem. Mat hirem modulare System ka si genee esou gestalt ginn, wéi se gebraucht gëtt.
Mir stellen Iech hei déi eenzel Modüller vir, weisen Iech Beispillkichen a gi méi no op d'Materialer an.
D'Modüller vun der Freiluft Outdoor-Kichen
D'Freiluft-Kichen ass mat hire siwe verschiddene Modüller e flexibele Baukastesystem. Dat ass aus verschiddene Grënn ganz praktesch: D'Outdoor-Kiche kann esou entspriechend der Gréisst vun Ärem Gaart resp. Ärer Terrass geplangt an ëmgesat ginn. An Dir hutt de fräie Choix beim Amenagement – wéi e Modüll dierf et bei Iech sinn?

Basismodüll
Alles fänkt mat engem Basismodüll un, well dat ass d'Fundament vun der Baussekichen. Well bei de Modüller Standard-Breete vu 600 mm oder 800 mm benotzt ginn, kënnen d'Basismodüller matenee kombinéiert ginn an et kann eng Spanwäit vu bis zu 3.200 mm erreecht ginn. D'Standard-Déift läit bei 600 mm. Optionell kënnen d'Basismodüller mat Dieren, Biedem an Tiräng erweidert ginn. Wat d'Faarwen ubelaangt ass d'Kichenzeil vu schwaarz iwwer verschidde Gro- a Beigetéin bis hin zu wäirout oder pastellorange disponibel.
Grill-Feier-Modüll
Déi oppe Feierplaz fir ze Grillen an ze Genéisse besteet aus enger gossener Basis, héichwäertege Schamott-Steng an engem Schaarschtech aus Inox. De Feierraum ka frontal, op der lénker oder op der rietser Säit sinn. Eng Plaz fir ze grillen oder fir e gemittlecht Lagerfeier: Dëse Modüll zielt zu de feieregen Häerzstécker vun der Outdoor-Kichen.
Grillmodüll
Wat dierf an enger Outdoor-Kichen op kee Fall feelen? Genee, eng Kachplaz, resp. e Grill. A well d'Goûte bekanntlech verschidde sinn, kënnen hei ënnerschiddlech Systemer integréiert ginn. All Léisung bitt eng breet Gamm u kulinaresche Méiglechkeeten a suergt fir memorabel Kacherliefnisser.
Déi follgend Optioune kënnen an d'Gaardekichen integréiert ginn:
Monolith Kuelegrill
Bofun Wokbrenner
Plancha-Plack
Indu+ Induktionsplack
Luucht- a Wandschutzmodüll
Dëse Modüll bitt direkt e puer Virdeeler: Als éischt bitt en duerch seng Gréisst Schutz viru Wand a gëtt der Kichen eng hënnescht Wand. Da sinn hei och Luuchtelementer agebaut, déi d'Benotzung vun der Kichen och laang no Sonnenënnergang méiglech maachen an d'Ëmfeld an eng gemittlech Luucht andauchen. Zwee Halogenspotte suerge fir eng direkt Beliichtung vun der Aarbechtsplack, wärend LED-Strippen indirekt Liichtakzenter setzen.
Fir datt elektronesch Geräter kënnen agesat ginn, muss den Elektromodüll mat enger separater Sécherungskëscht ofgeséchert ginn. Standardméisseg si véier Douse fir Luuchteschalter agebaut, déi schonn am Basismodüll integréiert sinn.
Frigosmodüll
Ob killt Gedrénks oder Iesswueren, déi kal bleiwe mussen: Dësen Outdoor-Frigo ronnt d'Funktioune vun der Baussekichen of. En ass wiederfest a füügt sech perfekt an dee puristeschen Design an.
Waassermodüll
Geméis wäschen, ofspullen oder fir ze kachen: Waasser spillt an all Kichen en zentral Roll. Dat gëllt och fir déi eege Gaardekichen an dofir recommandéiere mir, e Spullstee mat anzeplangen. Dir hutt dobäi d'Wiel tëscht engem klassesche Spullsteen, deen an d'Aarbechtsplack integréiert ass, oder engem massiven Naturspullsteen.
Inselmodüll
Dir fannt Kichenzeilen net schéin? Kee Problem, d'Outdoor-Kiche gëtt et och als Insel. Dës Léisung ka flexibel gestalt ginn, sou datt gréissere Kacheventer näischt am Wee steet!
Wiederfest a laanglieweg: Héichwäerteg Materialer maachen den Ënnerscheed
Wie sech fir eng Freiluft Gaardekichen entscheet, soll laang Spaass dorunner hunn. Dofir bestinn déi eenzel Elementer aus héichwäertegen, mat vill Suergfalt ausgewielte Materialer.

Nero Assoluto
D'Aarbechtsplacke bestinn aus dem schwaarze Granitsteen Nero Assoluto. En ass liicht ze ënnerhalen an extreem resistent. Fir d'Widderstandsfäegkeet ze erhéijen, ginn d'Flächen impregnéiert a mat engem spezielle geflaamten Uwerflächefinish behandelt.
Seealuminium mat Polverbeschichtung
Och de Korpus vun der Freiluft-Kiche besteet aus engem spezielle Material. Seealuminium ass e besonnesch robusten a qualitativ héichwäertegen Alliage, sou datt d'Wiederbestännegkeet sech wéi e roude Fuedem duerch d'Bestanddeeler vun der Freiluft-Kichen zitt.
Duerch seng Kombinatioun vu Funktionalitéit an Ästheetik bitt Seealuminium eng beandrockend Qualitéit. Duerch eng edel Polverbeschichtung gëtt a Verbindung mat enger Materialstäerkt vu bis zu aacht Millimeter eng héich Korrosiounsbestännegkeet a Stabilitéit garantéiert.
Veredelt Biedem aus Eechenholz
En optesche Kontrast zum polverbeschichteten Aliminiumkorpus sinn d'hëlze Biedem, déi aus héichwäertegem a massivem Eechevollholz hiergestallt ginn. Fir géint all Wiederkonditioune gerüst ze sinn, ass d'Holz duerch eng fënneffach, seidematt Versigelung mat Bootslack geschützt.
Schaarschtecher am Inox
Duebelwännegen Inox, deen zousätzlech polverbeschicht gouf – och bei der Schminni gouf kee Kompromëss a puncto Qualitéit gemaach. E Lamellenhutt schützt och nach viru Reewaasser.
Iwwerdaachung vun der Outdoor-Kichen – e Must oder optionell?
Mir ginn dacks gefrot, ob eng Iwwerdaachung onbedéngt muss sinn. Hei ass déi einfach Äntwert: Nee, et ass kee Must. D'Materialer an d'Qualitéit vun der Freiluft-Baussekiche sinn esou gewielt, datt se 365 Deeg am Joer am Fräie stoe kann.
Et kann awer vu Virdeel sinn, iwwer eng Iwwerdaachung nozedenken. Grad am Fréijoer an am Hierscht bitt eng Pergola beispillsweis Schutz virum Wand oder méi killen Temperaturen. Bei engem Berodungs-Rendez-vous kënne mir dës Optioun gäre fir Iech mat aplangen. An eisem Blogbäitrag iwwer d'Pergola fannt Dir ausserdeem weider Informatiounen.
Quelle + Bilder: www.freiluftkueche.com