Freiluft Feuer: En eenzegaartege Gaardekamäin
- marketing66680
- Jul 24
- 2 min read

Sou gemittlech wéi am eegene Living, an awer am eegene Gaart: Beim Feier sëtzen an den Owend gemittlech ausklénge loossen – dat ass net nëmmen an den eegene véier Wänn méiglech, mee och am Gaart. Mam Freiluft Feuer huelt Dir Iech den angeneeme Feeling vun engem Living op d'Terrass.
Mee wéi ass d'Freiluft Feuer opgebaut a wéi eng Méiglechkeet bitt de Gaardekamäin?
Baukastesystem fir eng individuell Gestaltung
Genee ewéi d'Freiluft Küche ass d'Freiluft Feuer flexibel an der Gestaltung. Dat ass méiglech duerch de Baukastesystem, bei deem Dir bestëmmt, wéi d'Feier an d'Miwwelen, déi dozougehéieren, amenagéiert ginn.
D'Basismodüller gëtt et a verschiddene Gréissten, Ausféierungen a Faarwen, sou datt et praktesch onendlech vill Konfirguratiounsméiglechkeete gëtt. D'Basismodüller si vun enger Gréisst vun 2000 mm bis 3200 mm disponibel. Si kënnen duerch Erweiderungen ergänzt ginn, fir de Feiermiwwel genee un Är Wënsch unzepassen.
Och beim Choix vum Grill-Feier-Modul hutt Dir fräi Hand a kënnt festleeën, wéi d'Häerzstéck vum Freiluft Feuer ausgesi soll: E frontaalt Feier, iwwer Eck, lénks- oder rietssäiteg.
Ärer Kreativitéit si bal keng Grenze gesat a mir hëllefen Iech gär, Är Dramkombinatioun ze realiséieren!

Méi ewéi eng schéin Atmosphär: Freiluft Feuer mat Grillfunktioun
Feier verbënnt Mënschen – genee ewéi zesummen iessen! Dofir kënne béid Elementer problemlos matenee kombinéiert ginn. D'Freiluft Feuer ass net nëmmen en atmosphäreschen Outdoor-Kamäin, e kann och als Grill benotzt ginn.
De Grillasaz ka genee zu deem Zäitpunkt, wou Dir e braucht, ubruecht ginn. Preparéiert zesumme lecker Snacks iwwert dem Feier oder benotzt d'Glous, fir zum Beispill Uewegromperen zouzebereeden. Dat Schéint dorunner: Et sëtzt een zesumme ronderëm d'Feier an deelt e flott Grillerliefnes.
Wiederfest Materialer fir d'Freiluft Feuer
D'Freiluft Feuer an d'Freiluft Küche gräifen op déi selwecht intensiv erprouft Materialer zeréck:

Nero Assoluto
D'Ofdeckplack Nero Assoluto ass immens strapazéierfäeg géint Wiederaflëss an ausserdeem liicht propper ze maachen. Fir hir Laangliewegkeet ze garantéieren, gëtt den Nero Assoluto impregnéiert a mat enger besonnescher, flamebehandelter Iwwerfläch ausgestatt.
Seealuminium mat Polverbeschichtung
D'Outdoor-Feierplaz ass an allen Hinsichte wiederfest. Dozou dréit besonnesch d'Korpusmaterial bäi – e robusten Alliage aus Seealuminium.
Dëst Material bitt eng perfekt Kombinatioun aus funktionaler Stäerkt an ästheetescher Eleganz. Duerch eng héichwäerteg Polverbeschichtung ass eng héich Korrosiounsbestännegkeet a Stabilitéit, och bei Materialstäerkte vu bis zu aacht Millimeter, garantéiert.
Biedem aus Eechevollholz
En optesche Kontrast zum polverbeschichteten Aliminiumkorpus sinn d'hëlze Biedem, déi aus héichwäertegem a massivem Eechevollholz hiergestallt ginn. Fir géint all Wiederkonditioune gerüst ze sinn, ass d'Holz duerch eng fënneffach, seidematt Versigelung mat Bootslack geschützt.
Quelle + Bilder: www.freiluftfeuer.com