top of page

iQ-Technologie erkläert: Esou funktionéiert intelligent Feier

  • marketing66680
  • Jul 24
  • 2 min read

Aufnahme des Lhasa iQ vom Hersteller Hase Kaminofen

Holzfeier a smart Technologie – datt dat zesummepasst, beweisen d'IQ-Uewemodeller vun HASE. Mat dë fortschrëttleche Verfare bitt de Kamäinhiersteller eng nei Form vu Feierplazen un, déi mir Iech hei méi am Detail virstellen.



Wat ass intelligent Feier?


Als intelligent Feier bezeechent HASE all d'Modeller, déi iwwer eng automatesch Sauerstoffreegelung verfügen. Mathëllef vun engem Mikrocontroller, deen ënnert dem Brennraum ubruecht ass, gëtt d'Temperatur sekonnegenee analyséiert. Mat dësen Informatioune steiert d'Technologie d'Lüftungsklappe vollautomatesch. Wéi dat genee funktionéiert, gesitt Dir am Video ënnen:




D'Iddi dohannert: E Feier, dat propper brennt

Wéi d'Holzfeier brennt, huet en direkten Afloss op d'Emissiounswäerter, déi mir schonn am Bäitrag Hëtze mat Holz méi am Detail erkläert hunn. Duerch déi vollautomatesch Lüftungsklappe stellt sech den Uewe punktuell an an Echtzäit op d'Ëmstänn an der Brennkummer an. Domat huet déi maschinell Reegelung en däitleche Virdeel, well si schafft geziilt a kontinuéierlech un der Sauerstoffzoufur. D'manuell Reegelung ass am Verglach manner prezis a gëtt meeschtens dem Gefill no gemaach.


D'Hiersteller maache bei der Technologie en Ënnerscheed tëschent iQ an iQ+. Béid Variante si mat der intelligenter Software an der automatescher Loftreegelung ekipéiert. Bei iQ+ ass ausserdeem nach katalytesch Technik am Uewerkierper verbaut, wat mam Ëmweltlabel „Blauer Engel“ ausgezeechent gouf.



D'App fir den Uewen

Wéini ass den optimalen Zäitpunkt fir nozeleeën a wéi eng Leeschtung erreecht mäin Uewen? Froen, déi sech mat der passender App beäntwere loossen. Ausserdeem kritt Dir hei Informatiounen iwwer d'Energieeffizienz an d'Emissiounsverhalen. An der App, déi et fir Android a fir iOS gëtt, fënnt een och Tipps fir d'Feier unzefänken an Hëllef fir den Ëmgang mam Uewen.

Screenshots aus der iQ App  zum Aufheizen, der Performance und Nachlegen


Wéi eng Modeller vun Iewe si mat der iQ-Technologie ekipéiert?

Den Ament gëtt et déi follgend Feierplaze mat der iQ-Funktioun:

  • Lima iQ

  • Sila iQ

  • Sila Plus iQ

  • Patna iQ

  • Lhasa iQ

Déi follgend Iewe si mat iQ+ ekipéiert:

  • Lima iQ+

  • Sila iQ+

  • Sila Plus iQ+


All d'Modeller gë et a verschiddene Faarwen an Ausféierungen.



Dacks gestallte Froen am Zesummenhang mat der iQ-Technologie

Gëttet baulech Aschränkunge fir en iQ-Modell?

Et gëtt keng Aschränkungen, et ass nëmmen noutwendeg, datt den Uewe mat Stroum versuergt gëtt. Dofir geet en normale Stroumuschloss oder eng Powerbank duer.

A wann de Stroum ausfält?

Wann de Stroum ausfale sollt, ass déi einfachst Léisung, den Uewen un eng Powerbank unzeschléissen. Wann Dir keng zur Hand hutt, brennt d'Feier einfach weider of. Fir d'Feier nees unzefänken, sollt Dir awer waarden, bis Är Feierplaz nees mat Stroum versuergt ass an d'Klappen deementspriechend nees op sinn.

Kënne bei iQ trotzdeem Späicherbléck verbaut ginn?

iQ a Späicherbléck kënnen ouni Weideres kombinéiert ginn. D'iQ-Technologie vun Hase bezitt sech ausschliisslech op d'Verbrennung. Späichersteng resp. -bléck sinn dofir do, d'Wäermt vum Feier méiglechst laang ze halen.

D'Elektronik geet futti – wat kann ech maachen?

D'iQ-Technologie ass op hir Laangliewegkeet getest. Sollt d'Elektronik trotzdeem futtigoen, kënnen déi entspriechend Deeler ausgetosch ginn. Feuerloft gëtt op allen Iewen eng Garantie vu fënnef Joer. Hase garantéiert ausserdeem, datt Ersatzdeeler bis zu 20 Joer liwwerbar sinn, och wann de Modell aus dem Programm geholl sollt ginn.

Kënnen aner Iewe mat iQ resp. iQ+ nogerüst ginn?

D'Norüste vun engem besteeënden Uewe mat der iQ-Technologie ass net méiglech. En Uewe kann ausserdeem net vun iQ op iQ+ ëmgestallt ginn.






Informationen und Video von: www.hase.de


 
 
bottom of page