top of page

En Uewen zu Lëtzebuerg austauschen: Aus al gëtt nei

  • marketing66680
  • Jul 24
  • 3 min read

Moderner Kaminofen aus Stahl in hellem und freundlichem Ambiente.

En Uewen ass eng agreabel Wärmequell, déi de Wunnraum net nëmmen effikass hëtzt, mee och eng gemittlech Atmosphär schaaft. Mee wéi bei all aner Haushaltsapparat, gëtt et och hei en Zäitpunkt, wéini en ausgetosch muss ginn. An dësem Bäitrag beschäftege mir eis mat der Fro, wéini en Uewen ausgetosch sollt ginn a wéi eng Virdeeler en neie Modell bitt.



Wéini sollt en Uewen ausgetosch ginn?

Et ginn eng Rei vu Grënn, firwat en Uewen ausgetosch sollt ginn. Den heefegste Grond ass den Alter vum Uewen. An der Reegel halen Iewen aus technescher Siicht tëschent 15 an 20 Joer, jee nodeem, wéi gutt se gefleegt ginn. Wann Ären Uewe méi al ewéi 15 Joer ass, sollt Dir reegelméisseg kontrolléiere loossen, ob e keng Schied oder Mängel huet, fir sécherzestellen, datt e sécher an effikass brennt.


E weidere Grond kéinten déi aktuell Ëmwelt-Standarde sinn. Wann Dir Ären Uewe virun enger Rei vu Jore kaf hutt, kann et sinn, datt en net méi de recommandéierten Ufuerderungen a puncto Emissiounswäerter entsprécht. Déi nei Modeller sinn an der Reegel méi ëmweltfrëndlech an hunn e méi niddrege Kuelemonoxid-Ausstouss.


Doriwwer eraus ass och den Zoustand vun der Feierplaz entscheedend. Wann den Uewe staark beschiedegt oder verrascht ass, kann en net méi effikass hëtzen an ass ënner Ëmstänn och net méi sécher. An deem Fall ass et besser, den Uewen auszetauschen, fir méi en héije Risiko vu Bränn oder Kuelemonoxidvergëftungen ze vermeiden.


De leschte Facteur ass d'Optik. Eng Feierplaz zitt direkt de Bléck am Raum op sech a säin Design bestëmmt zu engem groussen Deel den Ambiente. Den Opwand fir en Uewen auszetauschen ass relativ geréng, sou datt e Wiessel an deene meeschte Fäll problemlos a séier méiglech ass.




Virdeeler vun engem neien Uewen

Wann Dir Iech decidéiert, Ären alen Uewe géint en neie Modell auszetauschen, ginn et eng ganz Rei vu Virdeeler. Mir ginn hei op e puer dovunner an:



Effikassitéit an Effizienz

Modern Iewe si vill méi effikass ewéi déi eeler Modeller. Si kënne méi eng héich Wärmeleeschtung erzilen a brauche manner Brennholz, fir dee selwechte Raum ze hëtzen. Dat bedeit net nëmme méi eng héicht Hëtzleeschtung, mee och eng Reduktioun vun den Hëtzkäschten an eng besser Ëmweltverträglechkeet.


Ausserdeem kënnt Dir aus enger breeder Pallett un Iewen auswielen an esou genee déi Feierplaz kréien, déi op Är Besoinen ofgestëmmt ass. Dozou gehéiert och, datt den Uewe bei Äre Raum passt an eng entspriechend Hëtzleeschtung huet – fir datt et an Äre véier Wänn net ze kal, awer och net ze waarm ass.


Ëmweltfrëndlechkeet

E weidere Virdeel vun deenen neien Uewemodeller ass, datt se mat hirer weiderentwéckelter Technik méi ëmweltfrëndlech si wéi eeler Modeller. Eng Tatsaach, déi bei verschiddenen Uewemodeller schonn zu der Certifikatioun mam Ëmweltlabel Blauer Engel gefouert huet. Nei Iewen hu vill méi en niddregen Emissiounstaux a produzéiere manner Kuelemonoxid a Feinstëbs. Dat ass net nëmme gutt fir d'Ëmwelt, mee och fir d'Gesondheet vun de Bewunner.



Proppert Brennen

Nei Uewemodeller brenne méi propper wéi hir Virgänger. Dat läit ënner anerem un der Weiderentwécklung vun der sou genannter „Scheibenspülung“. Duerch d'Verbrenne vun Holz entstinn automatesch Rouschtpartikelen. Fir datt déi sech net um Glas ofsetzen an dëst schwaarz verfierwen, gëtt et d'Scheibenspülung.


Dobäi gëtt kee Waasser benotzt, wéi den Numm et vläicht undeite kéint. Beim Verbrennen an duerch d'Notze vun der Sauerstoffzoufur entstinn am Feierraum Loftstréimungen, déi mat der entspriechender Technik esou dirigéiert ginn, datt se d'Rouschtpartikele vum Fënsterglas ewechhalen an dat net verfierwen.



Modernen Design

E weidere Virdeel vun neien Iewen ass de modernen Design. Wärend eeler Modeller dacks wierken, wéi wa se aus der Zäit gefall wieren, gëtt et haut vill Optioune fir stilvoll an elegant Iewen, déi bei all Ariichtungsstil passen. En neien Uewe kann deemno net nëmmen d'Hëtzleeschtung am Wunnraum verbesseren, mee och den Ambiente opwäerten.



Nei a weiderentwéckelt Funktiounen

Modern Iewe bidden oft zousätzlech Funktiounen, déi déi eeler Modeller net hunn. E Beispill dofir ass d'iQ-Technologie, bei där d'Sauerstoffzoufur komplett automatesch gereegelt gë. Ausserdeem kënne verschidde Modeller mat engem Wärmepuffer ekipéiert ginn, deen d'Wäermt vum Uewe späichert a se och nach weider ofgëtt, wann den Uewe schonn aus ass. Dat kann dozou bäidroen, den Energieverbrauch an domat och d'Käschten ze reduzéieren.




D'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg:  Ass en Austausch vum Uewe gesetzlech virgeschriwwen?

Bei villen europäeschen Nopere gëtt et dofir schonn en Delai: Wéinst der Energietransitioun sollen Iewe bis zu engem bestëmmte Stéchdag nogerüst, erneiert oder stëllgeluecht ginn. An Däitschland war dëse Stéchdag den 31.12.2024 a betrëfft all Iewen, déi tëschent 1995 an Enn Mäerz 2010 gebaut goufen.

Wichteg: Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell (Stand Abrëll 2025) keng Virschrëft, wéini wéi eng Feierplaz ausgetosch muss ginn. Mir recommandéieren trotzdeem, den Uewe reegelméisseg kontrolléieren ze loossen, fir eng optimal Notzung sécherzestellen.



Mir beroden Iech och gär perséinlech an eisem Showroom  iwwer Är Méiglechkeeten. Mir freeën eis op Iech an op Äre Projet!



 
 
bottom of page