Flammkraft: Gasgrill mat Power
- marketing66680
- Jul 24
- 3 min read

Zesumme grillen, Zäit verbréngen an d'Liewe genéissen – Iesse verbënnt a bedeit Liewensqualitéit. Dofir huet d'Mark Flammkraft sech et zur Aufgab gemaach, e Grill ze entwéckelen, deen d'Iessenszoubereedung op héchstem Niveau erméiglecht.
Wat dëse Gasgrill auszeechent, wéi eng Technik zum Asaz kënnt a wéi eng Méiglechkeeten e bitt – all dat weise mir Iech an dësem Blogbäitrag.
Made in Germany: E Gasgrill an héchster Qualitéit
Héichwäerteg Materialer an eng prezis Hierstellung sinn d'Basis fir all Grill vu Flammkraft. Si besti komplett aus Inox a geuelegtem Eechenholz. D'Qualitéit spigelt sech an der Laangliewegkeet vun de Griller, déi mat hire klore Linnen a geschlossener Front zäitlos Klassiker sinn, erëm.
Flammkraft am Iwwerbléck:
- Komplett aus Inox
- Keramik-Brenner
- 100-900 Grad Celsius
- Grillgitter aus Inox
- Profi-Performance
- Siwe Faarwen
- Made in Germany

Technik a Funktioun: Et soll einfach nëmme gutt schmaachen!
Dat héchsten Zil vu Flammkraft ass et, um Enn köstlech Platen op den Dësch ze bréngen. Fir datt et exzellent schmaacht, huet den Hiersteller de Fokus op d'Technik an op d'Dispositioun vun de Brennelementer geluecht.
Déi intelligent Zesummestellung vu Brenner suergt fir e Grillerliefnis, bei deem all Handgrëffer einfach sinn. D'Hëtzt straalt iwwer déi ganz Fläch vum Grill, wärend déi waarm Loft d'Grillsaache vun alle Säiten erreecht. Doduerch gëtt Gegrilltes schounend zoubereet an de Goût ka sech optimal entfalen. Si bleiwe säfteg, aromatesch a ginn, dank der héijer Leeschtung vum Grill, perfekt op de Punkt gegrillt.
Mat enger spezieller Schuel gëtt Flëssegkeet, déi erofdrëpst, opgefaangen, sou datt se net direkt op d'Brenner fält. Doduerch gëtt och déi ongesond Dampentwécklung verhënnert.
Wie Röstarome gär huet, deen ass bei Flammkraft genee richteg, well fir d'Röste si verschidden Zonen ageriicht. Direkt ënner dëse Beräicher ass e Brenner installéiert, fir déi maximal Leeschtung ze erzilen. Hei entstinn Temperature vu bis zu 900 Grad Celsius. Dëse Beräich vum Grill kann och fir aner Iesswuere benotzt ginn: Sou kann een zum Beispill och eng Teppanyaki-Plack oder eng Pan driwwer placéieren.
Block D am Fokus
De Star aus der Flammkraft-Serie ass de sou genannte Block D, dee mir Iech méi genee presentéiere wëllen. Et ass eng Kombinatioun aus engem Grillasaz an engem Ënnerschaf, dee komplett aus Inox hiergestallt ass.
Mat senger generéiser Grillfläch vun 90x40 cm eegent e sech beschtens fir gréisser Grillpartyen. D'Fläch ass dobäi nach eng Kéier ënnerdeelt an eng leeschtungsfäeg Röstzon an eng grouss Haaptgrillfläch. D'Gasfläschen an d'Boxe sinn duerch Inox-Tiräng liicht ze erreechen. Och d'Botzen ass ganz kamoud, well den innovativen Oflafsystem léisst sech einfach no vir erauszéien. Dir wëllt Ären 120 kg schwéiere Flammkraft-Grill beweegen? Och dat ass méiglech duerch déi véier net siichtbar Schwéierlaascht-Lenkrullen.
Grillen ouni Grenzen: Accessoirë vu Flammkraft
Kulinarik kennt keng Grenzen, dofir bitt Flammkraft nach weider Accessoiren un, déi nach méi e geschmacksintensiivt Grillerliefnes erméiglechen.

Teppanyaki-Plack
D'Teppanyaki-Plack aus Inox huet hir Plaz iwwert dem Röstberäich. Si ass 8 mm déck, 6,6 resp. 8 kg schwéier a verdeelt, resp. späichert d'Hëtzt. Si eegent sech perfekt fir méi kleng Grillsaache wéi Fësch, Crevetten oder Geméis.
Rotisserie
Ob e krupsege Poulet oder e klasseschen Dönerspiiss: Mat der Rotisserie a mat Flammkraft erziilt Dir fantastesch Resultater. Dat läit un de clever placéierte Brenner, déi allebéid de Spiiss am perfekte Wénkel ustralen. De Saaft, deen erofdrëpst, gëtt opgefaangen a ka fir lecker Zose benotzt ginn.
Trotz der Rotisserie kann den Deckel zougemaach an d'Röstzon gläichzäiteg benotzt ginn. Mat 230 V packt den Dréispiiss dräi Ëmdréiungen an der Minutt a bitt mat 45 resp. 55 cm Längt Plaz fir bis zu 10 kg Grillsaachen.
Wok
Kache ronderëm d'Welt: Mam handgehummerte Wok aus Inox, deen en Duerchmiesser vun 33 Zentimeter huet, geléngen all Är Platen! De Wok mat senger charakteristescher Bauchform ass mat engem Inox-Halter kombinéiert. Sou passt e perfekt op de Röstbrenner a kann och op den Iessdësch placéiert ginn.
Pizza- a Grillsteen
Mat deem passende Grillstee vu Flammkraft kann och eng lecker Pizza zoubereet ginn. En zeechent sech aus duerch eng héich Späicherfäegkeet vun der Hëtzt an hält och enormen Temperature stand. De Pizzastee besteet aus glaséiertem Cordierit an ass doduerch einfach ze botzen.
Eng Gaardekiche mat Flammkraft
Eng Kichen am eegene Gaart mécht einfach Freed, well et ass net nëmmen eng Plaz, wou ee sech gär mat Frënn a Famill trëfft, mee d'Kacherliefnis kann op eng an därselwechter Plaz stattfannen.
De Block D fokusséiert sech ganz op d'Grillen. Kombinéiert mam Baussemodüll vu Flammkraft gëtt doraus eng eegestänneg Kichen. Sou entsteet genuch Plaz fir d'Virbereeden an d'Dresséiere vun den Telleren.
Wie seng Outdoor-Kiche méi individuell a vergréissert gestalten, gläichzäiteg awer och net op de Gasgrill vu Flammkraft verzichte wëll, fënnt mat der Freiluftküche eng héichwäerteg a wiederfest Kombinatiounsméiglechkeet.
Bildquelle: Freiluftmanufaktur & Flammkraft