top of page

Wat maachen, wann den Uewen dämpt: Feier maachen am Hierscht

  • marketing66680
  • Jul 24
  • 2 min read

Holzfeuer anzünden im Kaminofen


Den Hierscht ass do, a mat him, déi kal Deeg. Et freet ee sech drop, endlech d'Feier unzemaachen, fir Gemittlechkeet a Wäermt an déi eege véier Wänn ze bréngen. Et mécht een d'Feier wéi gewinnt un an dann –  alles voller Damp oder d'Feier flaamt eng Kéier op a geet direkt nees aus. U wat läit dat?



Zesummenhang vu Wieder a Feier: Firwat den Damp an de Wunnraum gedréckt gëtt

Schold dorunner sinn dacks d'Wiederkonditiounen, déi an dëser besonnescher Form meeschtens am Fréijoer an am Hierscht optrieden. Bei der sou genannter Inversiounswiederlag sinn déi iewescht Loftschichte méi waarm wéi déi ënnescht, an dat huet och en Afloss op d'Drockverhältnisser am Kamäin.


Déi méi kill Loft fält no ënnen a verhënnert, datt déi waarm Loft vum Feier no uewe klamme kann. De Contraire ass de Fall. Den Damp gëtt vun uewen no ënnen an de Wunnraum gedréckt.





3 Tipps géint den Damp beim Feierufänken

Fir och bei Inversiounswiederlagen e Feier ouni Dampentwécklung am Kamäin unzefänken, ginn et e puer Tipps:


1. Klengholz a Feierwierfele verwenden

Benotzt genuch klengt Holz, fir d'Feier unzefänken, fir datt séier Hëtzt entsteet. Doduerch gëtt de Schaarschtech opgehëtzt an den Damp kann no uewen ofzéien.


2. Sauerstoffreegler opmaachen

Maacht de Loftreegler esou wäit wéi méiglech op, fir datt genuch Sauerstoff un d'Feier kënnt. Maacht de Loftreegler eréischt dann zou, wann d'Feier staark flaamt.

3. Fënster opmaachen

Maacht eng Fënster oder eng Dier op, wann Dir d'Feier umaacht, fir den Drockausgläich am Kamäin ze ënnerstëtzen.


Wat Dir soss nach beim Hëtze mat Holz beuechte sollt

Allgemeng ginn et e puer Kniffer an Tricker, déi bei engem Holzuewe gutt ze wësse sinn.

Dat richtegt Holz bestëmmt zu engem groussen Deel, wéi eng Qualitéit d'Feier huet. Et ass e bësse wéi beim Kachen, och hei sinn déi richteg Ingredienten d'Basis vun engem gelongene Plat. Mir recommandéieren, op Haartholz wéi Bich zeréckzegräifen. Ausserdeem ass et wichteg, datt d'Brennholz dréche genuch ass. Fir datt d'Feier gutt ofbrennt an d'Material geschount gëtt, soll d'Reschfiichtegkeet ënner 20 % leien.


Méi zum Theema Brennholz kënnt Dir op eisem Internetsite ënner Hëtze mat Holz noliesen.

Ob e Feier gutt an effikass brennt, hänkt dann och mam gewielten Uewen, resp. mat der Kamäinanlag zesummen. Och wann en Uewen, dee schonn e puer Joer um Bockel huet, nach funktionéiert, schwätzen e puer Virdeeler dofir, dëse Modell géint eng nei Feierplaz auszetauschen.

Wéi eng sinn dat? Hei geet et bei de Blogbäitrag.






 
 
bottom of page